No véier intensiven Deeg ass d’WorldSkills Competition 2026 zu Shanghai mat engem flotte Resultat fir Lëtzebuerg op en Enn gaangen: De Jannik Bares huet am Beruff Plumbing & Heating (#15) eng Medal for Excellence gewonnen. Ausserdeem gouf hien als Best of Nation ausgezeechent – als beschte Lëtzebuerger Competitor zu Shanghai.

E Réckbléck op eng onvergiesslech Rees fir Team Lëtzebuerg.

D’Rees huet mat der Urees vun eiser Delegatioun ugefaangen. Mat dobäi waren den Official Delegate, d’Team Leaderin, den Communication Officer an déi sechs Competitoren, déi Lëtzebuerg a fënnef Beruffer vertrueden hunn: Aircraft Maintenance (#14), Plumbing & Heating (#15), Restaurant Service (#35), Landscape Gardening (#37) an Digital Construction (#58). Eis Experten an d’Technical Delegate waren e puer Deeg éischter op Shanghai geflunn, fir alles virzebereeden.

Op der Plaz konnten d’Competitoren sech wärend de Familiarization Days mat hire Concoursateliere vertraut maachen. D’Ekipp huet och d’Press getraff an de WorldSkills Museum besicht. Am Kader vum WorldSkills-Programm „One School One Member“ hunn d’Competitoren an d’Team Leaderin ausserdeem de Shanghai Urban Construction Vocational College (SUCC) besicht. Dëse Programm bréngt international Delegatioune mat Schoulen aus der Regioun vum Yangtze-Delta zesummen a fërdert de kulturellen Austausch.

Mat der Erëffnungszeremonie ass de Concours offiziell ugaangen. Duerno hunn eis Competitoren iwwer véier Concoursdeeg (C1 bis C4) alles ginn. Et goufe gutt a méi schwiereg Momenter, mee si hunn déi ganz Zäit mat vill Asaz a Konsequenz weidergemaach.

Besonnesch ervirgedoen huet sech de Jannik Bares: Mat senger Medal for Excellence gouf seng Leeschtung op héchstem internationalem Niveau unerkannt. Zousätzlech krut hien den Titel Best of Nation. Dat ass en aussergewéinlecht Resultat an d’Friicht vu Méint, wann net souguer Joren haarder Aarbecht.

Mat der Ofschlosszeremonie ass dës Editioun op en Enn gaangen. Si war och d’Geleeënheet, allen Competitoren an Natiounen zu hire Leeschtungen ze gratuléieren.
Lëtzebuerg kann houfreg op seng Ekipp sinn. Als Nächst stinn d’EuroSkills 2027 zu Düsseldorf an d’WorldSkills Aichi 2028 a Japan um Programm.

Dir hutt d’Ofschloss Zeremonie verpasst? Hei kënnt Dir de Replay kucken.

Entdeckt déi offiziell Fotoe vun der Ofschlosszeremonie an der Galerie vu WorldSkills Shanghai 2026.