D’lescht Woch huet WorldSkills Luxembourg, d’Unitéit vum Service de la formation professionnelle am Educatiounsministère, a Presenz vum Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, den Team presentéiert, deen dëse September Lëtzebuerg bei der 48th WorldSkills Competition zu Shanghai vertriede wäert.

6 Competitors. 5 Experts. 5 Beruffer. 1 Team.

Hannert dësen Zuele stinn engagéiert jonk Leit, déi iwwer Méint a Joren un hire Fäegkeete geschafft hunn an elo bereet sinn, sech mat de beschten Talenter aus der ganzer Welt ze moossen. Si weisen, datt d’Gréisst vun engem Land seng Ambitiounen net limitéiert: Small in size. Big in ambition.

Vun Aircraft Maintenance iwwer Plumbing and Heating, Restaurant Service an Digital Construction bis hin zu Landscape Gardening als Team Challenge – all Beruff erzielt seng eege Geschicht vu Leidenschaft, Ausdauer an Exzellenz.

Am September wäerten dës jonk Talenter net nëmmen hire Beruff, mee och Lëtzebuerg op der gréisster Bühn vun de Beruffskompetitioune vertrieden.

Team Luxembourg 2026

#14 Aircraft Maintenance

Competitor: Jonah Gasper
Expert: Frank Meysenburg

#15 Plumbing and Heating

Competitor: Jannik Bares
Expert: Loïc Perrin

#35 Restaurant Service

Competitor: Karim Speidel
Expertin: Valérie Bodarwé

#37 Landscape Gardening — Team Challenge

Competitors: Florian Theisen & Bjarne Weber
Expertin: Annick Lesch

#58 Digital Construction

Competitor: William Cao
Expert: Bryan Chlecq

Member Support

Technical Delegate: Claudine Thoma
Official Delegate: Luc Belling
Technical Delegate Assistant: Estelle Badiqué
Team Leader: Norma Bigelbach
Communication Officer: Ben Ehlinger

Hinnen zur Säit stinn hir Experten, déi si iwwer Méint, heiansdo souguer iwwer Joren, intensiv preparéiert, begleet an ënnerstëtzt hunn. Si hëllefen de Competitors, dat Bescht aus sech erauszehuelen an hiert vollt Potenzial ze entwéckelen.

A hannert dem ganzen Team steet e Support Team, dat mat Häerz a Séil um Projet schafft an alles drusetzt, fir datt Shanghai 2026 fir jiddereen eng aussergewéinlech Erfarung gëtt – professionell, mënschlech an onvergiesslech.

D’Team Presentation war e stolzen a beweegende Moment fir WorldSkills Luxembourg. Si war och eng schéin Erënnerung drun, datt hannert all Competitor, all Expert an all Erfolleg virun allem Mënsche stinn, déi un Talenter, Beruffer an un d’Zukunft vun eiser Jugend gleewen.

D’Rees op Shanghai huet elo offiziell ugefaangen

#14 Aircraft Maintenance - Competitor: Jonah Gasper | Expert: Frank Meysenburg

#15 Plumbing and Heating - Competitor: Jannik Bares | Expert: Loïc Perrin

#37 Landscape Gardening - Competitors: Florian Theisen & Bjarne Weber | Expert: Annick Lesch

#35 Restaurant Service - Competitor: Karim Speidel | Expert: Valérie Bodarwé

#58 Digital Construction - Competitor: William Cao | Expert: Bryan Chlecq