Design the medals for EuroSkills Düsseldorf 2027

D’Schüler an Apprentis’en aus Lëtzebuerg sinn invitéiert, d’Medaile vun der Europameeschterschaft vun de Beruffer ze gestalten. De leschten Delai fir matzemaachen ass den 31. Dezember 2026.

Vum 22. bis de 26. September 2027 trieden déi bescht jonk Fachleit aus Europa zu Düsseldorf bei der 10. Editioun vun den EuroSkills géinteneen un. Lëtzebuerg organiséiert d’Evenement zesumme mat Däitschland. An deem Kader lancéieren d’Organisateuren en Designconcours fir d’Medailen, mat deenen d’Gewënner vun der Kompetitioun ausgezeechent ginn.

D’Participante gestalten eng Medail mat Virder- a Récksäit, dat passend Band an en Etui. Den Design soll sech an déi visuell Identitéit vun den EuroSkills Düsseldorf 2027 afügen. E gëtt fir déi sechs Auszeechnunge vun der Kompetitioun adaptéiert, vun der Goldmedail bis zum Best of Nation.

Wie ka matmaachen?

De Concours riicht sech un d’Schüler aus der Beruffsausbildung, u Schüler aus de Konscht- an Designschoulen an u Schüler aus der E Sektioun vum klassesche Secondaire. Si kënnen eleng oder an enger Ekipp vu maximal dräi Persoune matmaachen. D’Projete gi vun engem Enseignant oder Formateur agereecht. All Enseignant oder Formateur ka bis zu dräi Projeten areechen.

Präisser

De Gewënnerprojet gëtt mat 1.000 Euro an engem komplette Set vun de produzéierte Medaile belount. De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend invitéiert si zesumme mat engem Enseignant als Begleedung op d’Schoulfoire, déi vum 18. bis den 21. Abrëll 2027 stattfënnt. Do gëtt de Gewënner bei enger offizieller Zeremonie bekannt gemaach.

Kalenner

  • Dezember 2026 um 23:59 Auer: leschten Delai fir d’Projeten anzereechen
  • Februar 2027: d’Finaliste gi bekannt gemaach
  • bis den 21. Abrëll 2027: de Gewënner gëtt op der Schoulfoire bekannt gemaach

 

Dat komplett Reglement an de Formulaire fir matzemaache sinn um Site vun den